Thematesche Lunch : « Mangeons responsable – praktesche Guide vir den Alldag“

Quand? 8 février 2012 12:15
Où? Caritas Luxembourg
Qui? Plaidons Responsable - Caritas

Invitation

Thematesche Lunch : « Mangeons responsable – praktesche Guide vir den Alldag“

Virtrag, Degustatioun an Diskussioun mam Dr. Katia Di Nicolo
Mëttwoch 8. Februar 2012 um 12.15 Auer, Caritas Luxembourg, 29, rue Michel Welter L-2730 Luxembourg

Hannert all Iesswuer stécht eng Geschicht. Eng Tomat déi aus Neiséiland ageflunn gëtt, Krabben aus Holland déi a Marokko geschielt ginn fir erëm zeréck an Holland geflunn ze ginn, Fleesch aus Argentinien…. Vill vun eisen Iessgewunnechten hunn en Afloss op d’Ressourcen am Süden. Wat kann ech mat guddem Gewëssen iessen? Dr Katia Di Nicolo, Doktorat vum Institut vir Liewensmëttelhygiene a Verbraucherschutz zu Leipzeg gëtt praktesch Tipps fir eng responsabel Ernährung am Alldag. Et gëtt getaascht, gekuckt a geschmaacht. Responsabel iessen, ouni negativ Impakter op de Süden, eis Ëmwelt oder zukünfteg Generatioune ass méiglech!

Konferenz an Austausch op Lëtzebuergesch

Entrée Gratis: aus logistesche Grënn w.e.g Umelde bis spéitstens Méindes de 6. Februar 2012, iwwert Email beim carole.reckinger@caritas.lu. Fir e liicht Mëttegiessen ass gesuergt.

Plaidons Responsable-Caritas

Publié dans et marqué avec .

Les commentaires sont fermés.