Expression against Excision MAT KONSCHT FIR D’FRAERECHTER

Quand : 11/12/2017 @ 18:30 – 21:00
Où : Salle des fêtes de l’Ecole Privée Sainte-Anne, Ettelbruck, Luxembourg

Den 11. Dezember organiséiert d’ Fondation Follereau zesummen mat der École Privée Sainte-Anne e Projetsdag ënnert dem Titel « Expression against Excision – Mat Konscht fir d’Fraerechter ». De ganzen Dag setzen sech d’Schülerinnen vun 23 Klassen[…]

Quand ?
11/12/2017 @ 18:30 – 21:00
2017-12-11T18:30:00+01:00
2017-12-11T21:00:00+01:00
Ou ?
Salle des fêtes de l’Ecole Privée Sainte-Anne
Ettelbruck
Luxembourg
Expression against Excision MAT KONSCHT FIR D’FRAERECHTER @ Salle des fêtes de l’Ecole Privée Sainte-Anne | Ettelbruck | Diekirch | Luxembourg

Den 11. Dezember organiséiert d’ Fondation Follereau zesummen mat der École Privée Sainte-Anne e Projetsdag ënnert dem Titel « Expression against Excision – Mat Konscht fir d’Fraerechter ». De ganzen Dag setzen sech d’Schülerinnen vun 23 Klassen a verschiddenen kreativen Atelieren mat Themen ronderëm Fraerechter, Kierperrechter, Gläichberechtegung, Rollebiller a Schéinheetsidealer auserneen.

Hir kreativ Resultater ginn Owes während dem Event « Expression against Excision » den Elteren an dem Grand Public virgestallt, ausserdem trieden jonk Dichterinnen an Dichter vum Géisskan Kollektiv an engem Poetry Slam géinteneen un an den Alain Welter stellt live e Graffiti zum Thema hier.

Lass geet et um 18:30 Auer am Festsall vun der Ecole Privée Sainte Anne zu Ettelbréck. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

Den Entrée ass gratis. Aschreiwung fir den Owend iwwert presse@ffl.lu

Loosst iech dësen Owend net entgoen a setzt en Zeechen fir d’Gläichberechtegung!