D’ONGD-FNEL sicht en Projet Manager Sensibiliséierung (CDD 11 Méint)

 

D’ONGD-FNEL ass säit méi wéi 29 Joer aktiv am Beräich Erzéiung an Ënnerstëtzung vu Kanner déi am meeschte benodeelegt sinn. Seng Aktioun konzentréiert sech op den Nepal, wou se permanent eng Dozent Projete verwalt, déi et erlabe benodeelegt Jonker an Erwuessen Zougang zu enger qualitativer Bildung a Weiderbildung ze erméiglechen.

Als Deel vun engem Sensibiliséierungsprojet fir Entwécklungshëllef, deen am Joer 2019 stattfanne wäert, sicht d’ONGD-FNEL en 

Projet Manager Sensibiliséierung (CDD 11 Méint)

De Projetsmanager/d’Projetsmanagerin Sensibiliséierung (Hallefzäit, 20 Stonnen/Woch) soll dëse Projet Sensibiliséierung 2019 vun der ONGD-FNEL ëmsetzen (ënner der Bedéngung dass en akzeptéiert gëtt fir d’Kofinanzéierung vum Aussen- an Europaministere-MAEE).

Hien/Hat ass Kontaktpersoun fir all Sensibiliséierungsaktiounen, déi de Projet Sensibiliséierung 2019 beinhaltet a schafft enk mat der Koordinatorin, dem Verwaltungskomitee an der Kommissioun Sensibilisatioun an hirer Verantwortlecher zesummen.

Haaptaufgaben vum Projet Manager Sensibiliséierung

  • Ëmsetzung vum Projet Sensibiliséierung 2019 vun der ONGD-FNEL
  • Allgemeng Sensibiliséierung vun de Lëtzebuerger Bierger a besonnesch vun de jonke Skauten a net-Skauten) zum Zougang zu Bildung am Nepal
  • Entworf vun allen ONGD-FNEL Publikatiounen a Pressematdeelungen iwwert de Projet Sensibiliséierung an däitscher, franséischer a lëtzebuergescher Sprooch.
  • Matmaache bei enger Missioun am Nepal
  • Organisatioun an Animatioun vun Atelier’en a Sensibiliséierungsaktiounen
  • Entwécklung vu Sensibiliséierungsaktiounen (Fotoausstellung, Video, Theateratelier, Nepalkoffer, Sensi-badge, asw.)
  • Gestioun vum Internetsite an de soziale Medien iwwer de Sensibiliséierungsprojet
  • Relatioun mat de Medien
  • Schlussrapport fir de MAEE schreiwen

D’pädagogesch Ziler vun de virgeschloenen Aktivitéite si folgend :

  • Lëtzebuerger Bierger a Jonker virwëtzeg maachen an den Interessi erwäche fir d’Chancëgläichheet am Nepal a fir den Zougang zu Bildung an entleeënen ländleche Géigenden
  • Hiert Verständnis iwwert Ausbildung am Nepal verbesseren
  • Bierger vu Lëtzebuerg a jonk Leit opmierksam maachen op den Zougang zu Bildung fir d’benodeelegt Bevëlkerung

Äre Profil :

  • Interesséiert am Beräich vun der Kooperatioun.
  • Erfarung am Gebiet vun der Jugend an an der Sensibilisatioun ass e Virdeel.
  • Exzellent Schreif- a Kommunikatiounsfäegkeeten an däitsch a franséisch.
  • Gudde Sënn fir Synthees an analytescht Denken.
  • Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher, däitscher, franséischer an englescher Sprooch, mëndlech wéi schrëftlech.
  • Gewënscht ass Erfarung beim Management vu Projet’en am Gebiet Sensibiliséierung a Kommunikatioun.
  • Kenntnis vun Outlook, Word, Excel, PowerPoint.
  • Gutt Veranlagung fir Equippenaarbecht a Fäegkeet sech enger associativer Dynamik unzeschléissen.
  • Mobilitéit – Führerschäin an Auto indispensabel.
  • Flexibel punkto Aarbechtszäit- Thema-Owender, Weekend fir Sensibiliséierung.


D’komplett Kandidatur (CV + Motivatiounsbréif) bis spéitstens de 31 Januar 2019 schécken un Nicolas Magnette, President vun der ONGD-FNEL :

oder

  • per Bréif un 61a Rue de Trèves, L-2630 Lëtzebuerg