Médecins Sans Frontières sicht no Rekruteur vun Donateuren (m/w)

Revenir à la liste  Médecins Sans Frontières ass eng Netregierungsorganisatioun (NRO/ONG) fir humanitär Hëllef. A méi wéi 60 Länner bréngen d’MSF-Equippen Hëllef u Populatiounen an Nout, un Afferen vum Krich, ouni Diskriminatioun op Grond vun der Rass, Relioun, Philosophie oder Politik. 1971 gegrënnt, krut MSF de Friddensnobelpräis am Joer 1999. De Bureau vun MSF zu […]

Revenir à la liste

 

Médecins Sans Frontières ass eng Netregierungsorganisatioun (NRO/ONG) fir humanitär Hëllef. A méi wéi 60 Länner bréngen d’MSF-Equippen Hëllef u Populatiounen an Nout, un Afferen vum Krich, ouni Diskriminatioun op Grond vun der Rass, Relioun, Philosophie oder Politik. 1971 gegrënnt, krut MSF de Friddensnobelpräis am Joer 1999. De Bureau vun MSF zu Lëtzebuerg gëtt et zanter 1986.

 

Rekruteur vun Donateuren (m/w)

CDD bis zu 3 Méint / 1 Mount vum 20/11 bis zum 16/12/17

 

Wëllt Dir zu enger dynamescher an unerkannter Organisatioun wéi Médecins Sans Frontières gehéieren? Hutt Dir liichte Kontakt mat de Leit? Da kommt bei eis!

Är Aarbecht:

Dir sensibiliséiert a rekrutéiert zesumme mat enger Equipe nei regelméisseg Donateure fir Médecins Sans Frontières Lëtzebuerg an de Lëtzebuerger Akafszentren, an der Strooss oder vun Dier zu Dier. An esou erméiglecht Dir der Organisatioun hir Ressourcen nohalteg opzedreiwen, fir datt si hir Missiounen richteg duerchféiere kann.

 

Äre Profil:

  • Kommunikativ an iwwerzeegent Perséinlechkeet
  • Eng Erfarung am aktive Verkaf ass e seriöe Virdeel
  • Dynamismus, gutt physesch a psychologesch Resistenz
  • Ausdauer fir d’Ziler an d’Resultater z’erreechen
  • Starken Team-Geescht
  • Sensibilitéit fir humanitär Zwecker a Wonsch an dëser Ëmwelt aktiv ze sinn
  • Franséisch beherrschen (Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen a vum Däitschen si Virdeeler)
  • B-Führerschäin + Auto wënschenswäert

 

Konditiounen:

  • Deelzäitaarbecht (140 St./Mount) – Aarbecht samschdes
  • Bezuelte Formatioun vun engem Dag
  • Iessbong (Wäert: 8,40€ per Aarbechtsdag – 2/3 zu Laaschte vum Employeur)
  • Zréckbezuele vun den Deplacementskäschten

 

Schéckt Ären CV mat engem Motivatiounsbréif un:

 

Médecins Sans Frontières

Anne Drochon

68, rue de Gasperich

L – 1617 Luxembourg

Ref: LUX-FUN-RD

 

Oder per Email un: Anne.Drochon@luxembourg.msf.org a schreift als Email-Betreff « LUX-FUN-RD »