MSF sicht no Teleoperateur (m/w) – CDD (1 Joer)

Revenir à la liste Wéilt Dir zu enger dynamescher an unerkannter Organisatioun wéi Médecins Sans Frontières gehéieren? Hutt Dir liichte Kontakt mat de Leit? Da kommt bei eis!    Är Aarbecht: Per Telefon d’Donateure vu Médecins Sans Frontières un d’Aarbecht an d’Bedierfnisser vun der Organisatioun sensibiliséieren E Maximum vu Leit iwwerzeegen, e Spendeverspriechen pro Mount […]

Revenir à la liste

Wéilt Dir zu enger dynamescher an unerkannter Organisatioun wéi Médecins Sans Frontières gehéieren? Hutt Dir liichte Kontakt mat de Leit? Da kommt bei eis!

  

Är Aarbecht:

  • Per Telefon d’Donateure vu Médecins Sans Frontières un d’Aarbecht an d’Bedierfnisser vun der Organisatioun sensibiliséieren
  • E Maximum vu Leit iwwerzeegen, e Spendeverspriechen pro Mount opzehuelen oder et z’erhéijen

Äre Profil:

  • Kommunikativ an iwwerzeegent Perséinlechkéit
  • Erfarung am aktive Verkaf
  • Dynamismus, gutt psychologesch Resistenz
  • Ausdauer fir d’Ziler an d’Resultater z’erreechen
  • Sensibilitéit fir humanitär Zwecker a Wonsch an dëser Ëmwelt aktiv ze sinn
  • Franséisch beherrschen (Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen a vum Däitschen si Virdeeler)
  • Beherrschen vun der Windows-Ëmgéigend

 

Konditiounen:

  • Deelzäitaarbecht vun engem Joer (vum 02/01/2018 bis zum 28/12/2018)
  • 70 Stonnen / Mount
  • Bruttosalaire / Stonn: 15,37 €
  • Bezuelte Formatioun vun engem Dag
  • Iessbongen (Wäert: 8,40 € pro Aarbechtsdag)

Schéckt w.e.g. e Motivatiounsbréif an Ären CV un: anne.drochon@luxembourg.msf.org

a schreift als Email-Betreff „TM-1 2018“.