Lëtzebuerg hëlleft El Salvador
Ënnerstëtzt d’Wierker vum Abbé Henri Gloden a vun der Fondatioun Lëtzebuerg – El Salvador
Den Abbé Henri Gloden
Den Henri Gloden, 1939 zu Munneref gebuer, verbréngt seng Kanner- a Jugendzäit zu Mäertert. Hie studéiert am Iechternacher Lycée an op der Universitéit zu Louvain. Als jonke Geeschtlechen geet hien 1969 an El Salvador. Do ass hien eng Zäit laang Paschtouer an engem extrem aarme Quartier vu Santa Ana; spéider schafft hien am Seminaire vun der Haaptstad a setzt sech op villerlee Manéiere fir déi Aarm an.
Mat der finanzieller Hëllef vu Lëtzebuerger Frënn a Bekannte sinn de Formatiounszenter zu La Majada an d’Kannerheem mat den Atelieren zu Santa Ana entstan.


