Single Blog Title

This is a single blog caption

Jobs.

Partager sur facebook
Partager sur linkedin
Partager sur twitter

D’ONGD-FNEL rekrutéiert een/ eng Assistent-in fir Sensibiliséierung fir Ëntwécklung

L’ONGD FNEL ass zënter 30 Joer aktiv am Domän vun der Educatioun an der Ënnerstëtzung vun deenen am meescht benodeleegte Kanner. Hir Aktioune konzentréieren sech op den Nepal, wou si permanent eng Dose Projete geréiert, déi Jonken an Erwuessenen en Zougang zu Bildung a gudder Formatioun erméiglechen.

Am Zesummenhang mam Opstelle vum Kaderaccord “Sensibiliséierung fir Entwécklung”, deen elo Ufank 2022 uleeft, rekrutéiert d’ONGD-FNEL een/ eng

Assistent-in fir Sensibiliséierung fir Ëntwécklung (zäitlech onbegrenzte Kontrakt- CDI)

Den Assistent oder Assistentin fir Sensibiliséierung fir Entwécklung (Hallef Tâche 20 Stonnen/Woch) huet als Aufgab, de Responsabele fir Sensibiliséierung fir Entwécklung z’ënnerstëtzen, beim Implantéieren vum Kaderakkord “Sensibiliséierung” vun der l’ONGD- FNEL. Déi Persoun schafft enk zesummme mat der Kommissioun “Sensibiliséierung”, mat der Coordinatrice vun der Associatioun a mam Gestiounscomité.

Haaptaufgabe vum Assistent oder der Assistentin “Sensibiliséierung”

1-Ausféierung vum Kaderaccord “Sensibiliséierung 2022-2024” vun der ONGD-FNEL

  • Organisatioun an Animatioun vun Atelieren an Eventer am Kader vun der Sensibiliséierung
  • Mathëllefen, d’Outilen (Ënnerlagen) fir d’Sensibiliséierung zesummenzestellen (Atelieren, Fotosaussstellungen, Theateratelieren, pedagogesch Valis, Sensi-badge, asw)
  • Deelhuelen u Missiounen am Nepal

2- Redaktioun vu Publikatiounen a Pressecommuniquéën am Zesummenhang mam Kaderaccord “Sensibiliséierung” vun der ONGD-FNEL, an däitscher, franséischer a lëtzebuergescher Sprooch

3- Gestioun vum Internetsite a Kommunikatioun op de sozialen Netzwierker, déi am Zesummenhang stinn mam Kaderaccord “Sensibiliséierung”

4- Relatioun mat de Medien iwwer Sujeten vum Kaderaccord “Sensibiliséierung”. Déi pedagogesch Objektiver vun de virgeschloenen Aktivitéiten si folgend :

  • De Virwëtz stimuléieren an den Interessi ureegen vun alle Bierger zu Lëtzebuerg, a spezielle vun de Jonken, fir déi verschidden Aspekter vum Liewen am Nepal an den Erausfuerderungen an der Bildung.
  • D’Verständnis fir d’Bildung am Nepal verbesseren, duerch d’Organisatioun vun direktem Austausch ënnert jonke Leit.
  • Jonk Leit encouragéieren, selwer en Deel vum Changement ze sinn

Äre Profil

  • Interesséiert sinn um Domän vun der Cooperatioun
  • Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher, däitscher, franséischer an englescher Sprooch, am Schreiwe wéi am Mëndlechen.
  • Exzellent Fäegkeeten bei der Redaktioun an der Kommunikatioun op däitsch, lëtzebuergesch, englesch a franséisch.
  • Beherrschung vun informateschen Applikatiounen (Outlook, Word, Excel, PowerPoint, CMS)
  • Gutt Kenntnisser vun de sozialen Netzwierker (facebook, instagram, youtube, tiktok asw.)
  • Bereetschaft, fir Gruppenaarbecht a Fäegkeet op de Wee ze goen vun enger associativer Dynamik
  • Mobilitéit – Führerschäin an Auto sinn absolutt noutwendeg
  • Flexibilitéit an der Aarbechtszäit – Thematesch Owenter, Sensibiliséierungsweekender…

Eng ausféierlech Kandidatur (CV + Motivatiounsbréif) si bis spéitstens de 23. Januar 2022 per email ze schécken un :

Nicolas Magnette
Président de l’ONGD-FNEL
ongd@ongd-fnel.lu
Mentioun : « Assistent-in Sensibiliséierung (CDI) »

  •