Single Blog Title

This is a single blog caption

Actualités.

19/07/2018

Compte rendu de l'AG de Concord 2018

AG Concord

  • Präsent op der AG
  • Dokumenter duerchgelies a mech e bëssen erageschafft

3 nei Memberen opgeholl déi sech och virgestallt hun:

Help Age, internationale Reseau fir eeler Leit

Light for the World / Asatz fir Handicapéiert Leit, Inklusion a fir Leit mat Aeproblemer /

European Partnership for Democracy, déi sech fir d’Festegung von demokratesche Werter, fir good gouvernance an och Projeen an deem Sënn engagéiren.

Da gouf och de Rapport annuel 2017 ugeholl. An dësem Kontext gouf un den Agenda 2030 erënnert,

an dorunner, dass dat en Agenda vun der Hoffnung wir, wou Männer, Fraen an jonk Leit sech engagéiren fir hier Rechter.

Et gouf ënnerstrach, dass d’Zieler vun Concord d’Reductioun vun der Armut a vun sozialen Ongerechtegkeeten an den Entwëcklungslänner sinn.

Et gouf bedauert, dass zwar vill vun enger Evolutioun an der Entwëcklungspolitik geschwat gëtt, mee dass et awer net wirklech Ännerungen ginn am Sënn vum Développement durable. Dass et elo vill Declaratiouns d’Intention ginn,

awer dat net ëmmer ëmgesat gëtt.

Et géif och vill von Ängschten a gefillter Onsecherheet geschwat, an d’Konsequenz ass dass Militärausgabe mi heich ginn, och mat EU-Entwëcklungsgelder,

 

d’Grenzkontrollen verbessert solle ginn,

dass d’Entwëcklungshëllef u Conditioune gebonne gëtt, wou een net wees ween dat herno trëfft.

Da gëtt och vun enger Diversioun vun de finanzielle Mëttele geschwat,

déi also net méi direkt fir di betraffe Populatiounen, mee fir militäresch Zwecker agesat ginn.

Concord situéiert sech an de Kader vun der europäescher Entwëcklungshëllef, den ustehenden Europawahlen an interrogéiert sech och fir seng eegen Plaatz doranner.

Et gouf och nach ennerstrach, dass d’Gleichheet vun der Geschlechter muss e wichtescht Thema sinn an der Entwëcklungspolitik, an dass dëss Gleichheet net onbedëngt Fortschrëtter mecht.

Nach ëmmer bleiwen di net bezuelten oder schlecht bezuelten Arbechten vun Prise en charge vun anere Leit, Kanner oder eeler Leit, bei de Fraen,

wat oft Situatiounen von Prekaritéit mat sech brëngt.

Fraen sinn nach ëmmer vill manner bezuelt wéi Männer,

an Gewalt géint FRaen kennt och keng Grenzen a gëtt et an alle Länner.

Concord plàdéiert an dësem Kontext fir den Gender Mainstreaming och an allen Instanzen vun der UNO.

Des weideren gouf allgemeng d’BEdeitung vum Asatz fir Mënschenrechter nach eng Kéier ënnerstrach.

ONGs sollen d’Stëmm vun de Fraen méi no bausse brëngen, Fraen sollen sech aktiv abrëngen an um öffentlech Liewen partizipéiren,

och an den Entwëcklungslänner.

Et gouf och erwient, dass verschidden Memberen vun Concord am vergaangene Joer a schwierege Situatiounen woren,

 

direkt un der Front wou grouss Problemer sinn, zum Beispiel op Zypern, an Italien, a Polen.

Et gouf bedauert, dass de Prinzip vun der internationaler Solidaritéit net onbedëngt ëmmer agehaale gëtt am Kader vun der EU Entwëcklungspolitik. Hëllefsmëttel fléissen och an eng restriktiv Immigratiounspolitik.

D’Sécurité alimentaire duerch Förderung vun lokale Wirtschaften bleiwt e wischtescht Uleies;

d’EU ënnerstëtzt och an deem Sënn ökologesch Produktioun vun Liewensmëttel an den Entwëcklungslänner an lokal Vermarktung.

D’EU soll och de Respekt vun de Mënscherechter an den Zentrum vun hierer Aktioun setzen an d’Gender Approche nach méi promovéiren.

Et gouf och festgestallt, dass et nach laang wert daueren, bis dat Ziel vun 0,7% vun den nationale Budgeen fir d’Entwëcklungshëllef erreecht wert sinn.

Hei gëtt vun 30 Joer geschwat obschons dat eng Déclaratioun d’Intention vun der UNO aus dem Joer 1970 ass.

Da gouf och nach interessanterweis am Rapport d’Activité d‘ Empathie erwient, d’Noutwendegkeet, aner Kulturen ze verstoen,

fir dass de kulturellen Dialog soll am Respekt virun sech goen.

Et gouf positiv erwient, dass d’Rechter vun de Fraen an de Meedercher op ville Plaatze konnte verbessert ginn,

et gouf awer bedauert, dass de Privatsekteur an der Entwëcklungshëllef méi Plaatz anhëllt.

Quasi zeitgleich mat der Generalversammlung koum den EU Budget fir Entwëcklungshëllef eraus.

Et gëtt an dësem Kontext bedauert, dass Investitiounschemen, di net ganz transparent sinn,

an och Kontrolle vun der Migratioun an dësem budget eng Plaatz anhuelen,

an dass do d’Engagement vun der EU fir d’Armut ze reduzéiren an sech fir Mënscherechter anzesetzen, an d’Hannertreffe geroden.

Concord ass och der Meenung, dass d’Mesuren vum Conseil Européen am Bereich Migratioun neischt brëngen,

vill Sue kaschten an den vereinbar sinn mat Mënscherechter.

Allgemeng setzt sech Concord am Fong mat der Thematik vun der Migratioun a vun der Asylpolitik vun der EU auserneen.

Am Kader vun de nächsten Europawahlen ass an engem Arbechtsgrupp, an deem ech och wor,

d’Meenung vertriede ginn, dass net Concord, mais d’ONG an den eenzelne Länner sollen d’politesch Akteuren kontaktéiren fir op d’Bedeitung vun der Entwëcklungspolitik opmierksam ze machen, an och un di Grondausriichtungen vun dëser Politik ze erënneren.

Colette Maart, membre du CA du Cercle.