Single Blog Title

This is a single blog caption

Jobs.

XX Recherche un.e XXX

D’Agence du Bénévolat asbl sicht 1 Chargé(e) des relations associatives (m/w) fir en CDI vu 40 Stonnen d’Woch.

Är Missiounen:

  • Matwierken un der Fërderung a Sensibiliséierung vum Benevolat zu Lëtzebuerg
  • Organisatioun a Representatioun vun der Agence bei Evenementer
  • Berodung vu Veräiner a Benevollen an hirem Engagement
  • Empfang vu Persounen an Telefonsdéngscht
  • Administrativ Aarbechten

Äre Profil:

  • Exzellent sozial an organisatoresch Fäegkeeten
  • Gutt Kenntnisser an de Sprooche Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch; all weider Sprooch gëllt als Virdeel
  • Eng gewëssenhaft, präzis an autonom Aarbechtsweis
  • Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten (geleeëntlechen Owend- a Weekenddéngscht)
  • Kategorie-B-Fürerschäin
  • Kenntnis vum lëtzebuergesche Veräinswiesen ass e Virdeel


Wat mir bidden:

  • Ee motivéierend Aarbechtsëmfeld an engem Beräich mat grousser gesellschaftlecher Bedeitung
  • Kreativ Fräiheeten an eng equilibréiert Work-Life-Balance
  • Eng attraktiv Remuneratioun

De Poste gëtt nom SAS-Kollektivvertrag, Carrière C4, remuneréiert.


Schéckt Är Kandidature mat Motivatiounsschreiwes, Curriculum Vitae an enger Kopie vun den Diplomer bis spéitstens den 03.11.2025 un d’Agence du Bénévolat asbl – per E-Mail u contact@benevolat.lu.